
Professionellen Dach Botz zu Lëtzebuerg – Fir e propperen an laangliewegen Daach
​
Schounend an effizient Reinigung vu Leem-, Schifer- a Bétonsdäch.
​
Äeren Daach gesäit net méi aus wéi fréier?
Dreck, Mooss an Algen kënne sech mat der Zäit festsetzen a souguer d’Material beschiedegen. Mat eiser biologescher an ëmweltfrëndlecher Botzmethode suerge mir dofir, dass Äert Daach erëm propper a gutt geschützt ass – ouni Chemikalien an ouni Stee!
​
Fuerdert nach haut eng 100% gratis Offer un!
​
​​


VIRDRUN

DUERNO






Firwat ass een regelméissegen Dachbotz wichteg?
​
Äeren Daach ass konstant Wieder, Verschmotzung an natierlechen Oflagerunge ausgesat. Eng professionell Reinigung bréngt vill Virdeeler:
​
Längere Liewensdauer – Mooss, Algen a Flechten kënnen d’Daachzillen beschiedegen an d‘Substanz uwandelen. Eng grëndlech Reinigung schützt viru laangfristegem Schued.
​
​Méi schéint Erscheinungsbild – E proppert Daach verbessert den éischten Androck vun Ärem Haus an dréit zur Wäerterhaalung bäi.
Verhënnert Verstoppungen – Dreck an Algen kënnen Dachrinnen an Drainagesystemer verstoppen, wat zu Waasserschied féiere kann.
​​
Käschtespueren – Eng gereinegt Daachstruktur verlängert d‘Liewensdauer vun Ärem Daach a kann de Besoin vun engem Deelflächentausch oder Neideckung drastesch reduzéieren.
​
Loosst Ären Daach propper halen a profitéiert vun enger gratis an onverbindlecher Offer!


Firwat sollt Dir eis fir Ären Daachbotz wielen?




Schounenden Botz ouni Héichdrock – Mir benotzen eng douce, awer effektiv Botzmethod, déi d’Material net beschiedegt.
​
Schnell an effizient – An de meeschte Fäll ass d‘Botz an engem Dag ofgeschloss.
​
Laangzäiteffekt – Eist biologescht Botzsystem garantéiert eng duerchgrëndlech Reinigung a verhënnert séier nei Verschmotzung
​
Keng Stee néideg – Mir schaffen mat Teleskopstangen a modernen Hebebünen, wat d‘Reinigung méi séier, méi sécher a méi effizient mécht.
​
Frot haut nach eng gratis an onverbindlech Offer un.

Eist Verspriechen.

Professionalitéit
Mir schaffen präzis, zouverlässeg a mat héchste Qualitéitsstandarden.

Pénktlechkeet
Mir hale eis un all Rendez-vous zouverlässeg an ouni Verspéidung.

Reaktivitéit
Mir reagéieren séier a passen eis un all Situatioun un.

Schnellegkeet
Eis Ekippen garantéieren
eng séier an effizient Aktioun.

Made in Luxembourg
Mir setzen op lokal Botzmëttel!


Kontaktéiert eis.
Kontaktéiert eis haut nach, fir eng professionell Berodung a eng gratis Offert ze kréien!
​
Eis Experten hëllefen Iech, Är Fassaden, Diecher, Natursteen, Solarpanneauen a Fënsteren op eng ëmweltfrëndlech an effikass Manéier ze botzen , sou datt Är Immobilie erëm wéi nei ausgesäit. Zéckt net a profitéiert vun eisem Know-how a qualitativ héichwäertege Service!


Wéi geet et weider ?​
​
Nodeems Dir eis iwwert eise Online-Formulaire kontaktéiert hutt, rifft ee vun eise Techniker Iech un, fir en RDV auszemaachen. Esou kënne mir op der Plaz kommen an Iech déi bescht Offert maachen.
​
​

Berodung & Evaluatioun
Mir analyséieren Är Besoinen a bidden déi passendst Léisung un.

Planung & Ausféierung
Effikass a präzis Ëmsetzung vun eise Servicer.

Suivi & Zefriddenheet
Mir garantéieren héchste Qualitéitsstandard a Clientszefriddenheet.
