top of page
background-03.png

Wien Si Mir ?

 

Neteco Sàrl – Är Spezialisten fir Fassaden- a Spezialbotz

Neteco Sàrl ass e lëtzebuergescht Handwierksbetrib, dat den 1. Abrëll 2025 offiziell gegrënnt gouf.

 

D’Iddi fir dëse Betrib ass schonn am Joer 2023 entstanen, an no laanger Planung an Entwécklung si mir haut do ukomm, wou mir sinn.

​

Eise Sëtz ass zu 3, Zi Zare Ouest, Éilereng, vun hei aus bedéngen mir Clienten am ganze Land a garantéieren héich Qualitéit an Zouverlässegkeet.

 

Mir spezialiséieren eis op d’professionell Botz vu Fassaden, Diecher, Fënsteren, Natursteen a Solaranlagen.

​

Mat modernster Technologie a spezialiséierte Methoden garantéiere mir eng grëndlech a schounend Botz, déi Är Uewerflächen laangzäiteg propper an intakt hält.

Eis Missioun

​

Qualitéit, Effizienz a Nohaltegkeet stinn am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht.

 

Mir setzen op innovativ Botztechniken an ëmweltfrëndlech Léisungen, fir eise Clienten déi beschtméiglech Resultater ze bidden.

​

Mir freeën eis drop, Iech ze iwwerzeegen an Ären Objet nees an neiem Glanz stralen ze loossen.

​

Neteco Sàrl – Äre Partner fir professionell Botz a Lëtzbuerger Qualitéit.

bottom of page